D'Police huet hire Rapport vun den Aktivitéite vun zejoert verëffentlecht. 

Wéi aus dësem ervirgeet, waren d'Aktivitéite vun der Police och zejoert virun allem vun der Corona-Pandemie gepräägt. D'Beamten haten insgesamt 9.500 mol kontrolléiert, ob sech un déi sanitär Virschrëfte gehale gëtt. Am Ganze goufen an deem Kader 3.900 Avertissements Taxés geschriwwen.

Iwwerdeems haten d'Polizisten eng Partie Manifestatioune géint d'Corona-Mesuren observéiert, woubäi d'Demonstrante virun allem géint Enn vum Joer méi gewalttäteg gi waren.

E weidere groussen Asaz fir d'Police gouf et bei enger Demonstratioun vu polnesche Minnenaarbechter virum europäesche Geriichtshaff, den 22. Oktober.

E weidere wichtegen Dossier fir d'Police, war dee vun der Sécherheet am Garer Quartier an der Stad. An deem Kader hätt een zesumme mam Ministère fir déi bannenzegst Sécherheet a mat deenen anere concernéierten Acteuren e Sécherheetskonzept ausgeschafft an installéiert.

Op Säite vun der Police Judicaire huet ee virun allem eng Hausse vun den Déifställ, bei deene Gewalt am Spill war, constatéiert. Wärend et 2020 nach 420 dëser Déifställ goufen, waren et der zejoert 505. Dat entsprécht enger Hausse vun 20%. Zu de Fäll, déi besonnesch spektakulär waren haten eng Serie vun Iwwerfäll op Tankstellen, eng Serie, bei där Krimineller eng Partie Bancomate gesprengt haten an en Iwwerfall op eng Bank an der Stad.