En Donneschdeg war an der Stad an en Zeitungsbuttek agebrach ginn an zu Iechternach war e Mann iwwerfall ginn.

Géint 04h20 en Donneschdeg de Moie war der Police en Abroch an en Zeitungsbuttek an der Avenue Emile Reuter an der Stad gemellt ginn. Am Kader vun enger Enquête konnten d’Beamten eng verdächteg Persoun festhuelen. Dës konnt, no de weideren Ermëttlungen, eendeiteg als Auteur vun der Dot identifizéiert ginn. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Géint 10h10 e Mëttwoch de Moie war dann, e Mann um Parking vun engem Supermarché an der Rue des Remparts zu Iechternach, vun engem anere Mann, an enger friemer Sprooch ugeschwat ginn. Kuerz drop hat deen onbekannte Mann, d’Affer dunn kierperlech attackéiert. Kuerz war dem Mann dunn opgefall, dass seng Kette verschwonne war. De presuméierten Täter war iwwerdeems scho virum Déifstall opgefall, well hie sech am Supermarché donieft beholl hat. D’Police huet eng Enquête an d’Weeër geleet.