An enger éischter Phas kéint et awer e bëssen daueren, bis d’Clienten eng Äntwert op hir Froe kréichen.

No der Hacker-Attack op de Lëtzebuerger Energie-Konzern “Encevo” sollen d’Clienten deemnächst nees Accès op déi verschidde Servicer hunn. Wéi de Konzern, en Donneschdeg, an engem Communiqué matdeelt, sollen d’Telefons-Hotlinen, d’Online-Portaler an d’Systemer fir d’Gestioun vun de Clients-Dossiere bannent den nächsten Deeg nees disponibel sinn. An enger éischter Phas kéint et awer e bëssen daueren, bis d’Clienten eng Äntwert op hir Froe kréichen. Iwwerdeems sollt een de Konzern net wéinst Froen zu piratéierten Donnéeë kontaktéieren. Et hätt een den Ament nach net déi néideg Informatiounen, fir op dës Froen ze äntweren.