An der Belsch an zu Lëtzebuerg solle Glacë vun der Mark "Häagen-Dazs" mat engem kriibserreegende Stoff belaascht sinn.

An der Belsch goufen 10 verschidden Zorte Glace vun der Mark "Häagen-Dazs" zeréckgeruff. Dat well an enger Vanill, déi an de Glace verschafft goufen, e kriibserreegend Stoff nogewise gouf.

Wéi déi belsch Sécurité alimentaire an engem Communiqué schreift wieren d'Glacen, déi vum Réckruff betraff sinn an der Belsch an zu Lëtzebuerg verkaf ginn.

Hei fannt dir Informatiounen, iwwer déi betraffe Glacen an d'Plazen, op deenen dës verkaf goufen!