Dräi weider Transportschëffer aus der Ukrain sollen sech op de Wee maachen.

Wéi et vum tierkesche Verdeedegungsministère heescht, sollen sech um Freiden dräi weider Schëffer op de Wee aus der Ukrain maachen. Dës Schëffer hunn nees Kären an aner Liewensmëttel gelueden. Des Weidere soll sech nach een eidelt Schëff op de Wee an d'Ukrain maachen. De Méinde war dat éischt Schëff säit dem Ufank vum Krich an der Ukrain gestart. Dobäi ass d'Ukrain immens wichteg fir d’Käreproduktioun.