D'USA huet wéinst den Afepouken de nationalen Noutstand verhaangen.

D'USA huet een nationale Gesondheetsnoutstand ausgeruff, dat well d'Zuel vun den Infektiounen vun den Afepouken op 6.600 geklommen ass. Mam Gesondheetsnoutstand erhofft een sech, dass e Mëttel fräigi gëtt fir géint de Virus unzekommen. Wéi et vun der amerikanescher Santé heescht, goufe ronn 1,1 Milliounen Impfdosisse bereetgestallt.