De Bëschbrand bei Berlin ass nach ëmmer net geläscht.

Zënter en Donneschdeg probéieren d'Pompjeeën de Brand an engem Bësch bei Berlin ënner Kontroll ze kréien. D'Läschaarbechte ronderëm d'Sprengplaz si liewensgeféierlech. Dat well do Tonne Munitioun gelagert gëtt, déi all Moment detonéiere kann. Um Freide soll driwwer berode ginn, wéi ee weider virgeet. Zum Brand ass et um Donneschden no enger net-geplangten Explosioun op der Sprengplaz komm.