De russesche President Putin trëfft sech um Freide mam tierkesche President Erdogan.

Den tierkesche President an de russesche President treffen sech fir iwwer aktuell global a regional Froen ze schwätzen. Nieft dem Ukrain-Krich wäert och iwwert eng nei Syrien-Offensiv vun der Tierkei geschwat ginn. Den Erdogan huet sech schonn e puer mol als Vermëttler tëschent der ukrainescher a russescher Säit ugebueden. Dëst ass dat zweet Treffe vun deenen zwee Presidente säitdeem Russland d'Ukrain ugegraff huet.