
© Eldoradio
En Donneschdeg haten sech 3 Persounen an engem geklauten Auto eng Poursuitte mat der Police geliwwert.
En Donneschdeg am Nomëtteg war et zu engem gréissere Policeasaz an der Géigend vum Findel komm. Géint 14h10 waren der Police 3 tatverdächteg Persounen an engem geklauten Auto zu Schëtter gemellt ginn. D'Police hat doropshin d'Verfolgung vum Gefier opgeholl. Hei war, nieft den normalen Unitéite vun der Police, och de Policehelikopter am Asaz.
Am Kader vun dësem Asaz, konnt d'Police beobachten, wéi déi 3 Persoune mat deem geklauten Auto als éischt vum Rond-Point Sandweiler an de Rond-Point Irgäertchen an duerno, iwwer d'Route de Trèves, weider an Direktioun Findel gefuer waren. Hei hat de Chauffer am Rond-Point d'Ausfaart an Direktioun Heienhaff geholl, konnt awer wéinst enger Barrière net méi weider fueren.
Doropshi waren déi 3 flüchteg Persounen aus dem Auto geklommen an hate probéiert, hir Flucht zu Fouss fortzesetzen. Beim Versuch, an e Bësch ze lafen, konnten si schliisslech vun de Police-Beamte gestallt ginn. Allen 3 goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a kommen e Freideg virun den Untersuchungsriichter.
Den Auto, mat deem déi 3 Verdächteg ënnerwee waren, war an der Nuecht vun den Dënschdeg op e Mëttwoch an der Stad geklaut ginn. Iwwerdeems goufen nach eng ganz Partie geklaute Géigestänn am Auto séchergestallt, sou, dass d'Ermëttlungen an der Affär nach weider undaueren.