Frankräich erlieft den Ament déi schlëmmsten Dréchent a senger Geschicht.

Déi franséisch Regierung huet dowéinst en Krisestaf aberuff. Wéi et aus dem franséische Staatsministère heescht, kéint déi extreem Dréchent nach 2 Woche laang daueren an esouguer nach méi schlëmm ginn.

D'Situatioun fir d'Bauere wier katastrophal. A bal allen Departementer wieren Aschränkungen, fir d'Notzung vum Drénkwaasser a Kraaft. An 62 Departementer gëllt déi héchste Warnstuf. Wéi de franséischen Ëmweltminister, Christophe Béchu, matdeelt, ass d'Waasser-Versuergung an iwwer 100 Gemengen zesummegebrach.