Dem Nancy Pelosi seng Visitt zu Taiwan suergt weiderhi fir diplomatesch Spannungen tëscht Peking a Washington.

Als Reaktioun op d'Visitt vun der amerikanescher Politikerin, Nancy Pelosi, zu Taiwan huet China ugekënnegt, d'Kooperatioun mat den USA, beim Klimawandel an der Sécherheet, bis op Weideres auszesetzen.

De chineeseschen Ausseministère huet e Freideg, ënner anerem, e Gespréich tëscht 2 héije Militär-Vertrieder an 2 Sécherheets-Sommeten ofgesot. Och bei den Themen "illegal Awanderung", "Kriminalitéit" an "Drogenhandel" wëll Peking net méi mat Washington kooperéieren.

Ausserdeem wëll China Sanktioune géint d'Nancy Pelosi an hir Familljemembere verhänken.