Den däitsche Gesondheetsminister, Karl Lauterbach, huet sech mam Coronavirus infizéiert.

Dat huet den SPD-Politiker e Freideg op Twitter matgedeelt. Hie géif den Ament liicht Symptomer vun der Krankheet spieren. Fir z verhënneren, dass et zu Komplikatioune kéim, géif hien d'Medikament Paxlovid huelen.

Weiderhin, géif hien deene Leit, déi him eng gutt Besserung wënschen, Merci soen. Haass-Kommentaren, géif hien ignoréieren.