Déi ukrainesch Arméi géif Basissen a Waffesystemer a Wunngéigenden installéieren.

Taktiken, déi di ukrainesch Arméi am Krich mat Russland asetzt, sollen Ziviliste gefäerden. Dat schreift d'Mënscherechtsorganisatioun "Amnesyty International" an engem Artikel op hirem Internetsite. Esou géif déi ukrainesch Arméi Basissen a Waffesystemer a Wunngéigenden installéieren. Dëst Virgoe géif Zivilisten a Gefor bréngen a géint internationaalt Recht verstoussen.

Déi ukrainesch Regierung huet hirersäits mat hefteger Kritik op den Artikel vun Amnnesty International reagéiert. D'Generalsekretärin vun der Mënscherechtsorganisatioun, Agnes Callamard huet dës allerdéngs géigeniwwer der Noriichtenagence AFP zeréckgewisen. Den Artikel géif op Fakten an enger extensiver Recherche berouen.