2 vun deene Jonke stinn am Verdacht zu enger Gang ze gehéieren. Si goufen zu Dräibuer an der Sécherheetsunitéit ënnerbruecht.

En Donneschdeg den Owend hate Poliziste vu 4 Policekommissariater aus dem Zentrum vum Land,5 Jugendlecher, déi ënnert dem dréngende Verdacht stinn, Kierperverletzung an Déifställ begaangen ze hunn, op frëscher Dot ermëttelt.

Wéi et vun der Police heescht, wieren 2 vun de Jugendlechen antëscht an engem Fall, an deem enger Persoun den Aarm gebrach gouf, als Verdächteger identifizéiert ginn. D’Police huet dann och Perquisitiounen op den Adresse vun deene 5 Jugendleche gemaach. Dobäi goufen zum Deel geklaute Géigestänn séchergestallt. 2 vun de Jugendlechen, déi och am Verdacht stinn, Membere vun enger Jugend-Gang ze sinn, koumen op Dräibuer an d’Sécherheetsunitéit.

D’Ermëttlungen zu de Strofdoten, bei deenen déi Jugendlech als Verdächteger a Fro kommen, daueren den Ament nach un. Méiglech Affer, déi sech an deem Zesummenhang nach net bei der Police gemellt hunn, si gebieden, sech un e Policekommissariat ze riichten.