De Quatre-Quarts-Kuch, deen am Auchan verkaf gouf, gouf zeréckgeruff.

Wéi d’Sécurité Alimentaire an engem Communiqué matdeelt, kéinte Stécker aus Metall am Kuch enthale sinn. Dës kéinten zu interne Blessuren an zum Erstécke féieren. Vum Réckruff betraff sinn d’Produiten an de Verpackunge vun 800, 500 an 250 Gramm.