D'Sanktioune riichte sech dobäi géint d'Nuklearindustrie vu Russland.

Dat ass d'Reaktioun nodeems dat vu Russe besaten Atomkraaftwierk am ukraineschen Saporischschja ënnert Beschoss stoung. Moskau a Kiew gi sech géigesäiteg d’Schold. Dem russesche Verdeedegungsminister no wieren Deeler vun der Stroum- a Waasserversuergung ausgefall. Vun ukrainescher Säit heescht et, dass d’Russen den Terrain selwer beschoss hätten. Den ukrainesche President fuerdert elo Russland ze sanktionéieren. Wien eng atomar Menace fir aner Vëlker wier, wier net an der Lag Nukleartechnologie sécher anzesetzen, esou de Selenskyj an engem Videomessage gëschter Owend.