Virdru war et zu enger Gewalteskalatioun tëschent Israel a Palestinenser komm, wéi et schonn zanter méi wéi engem Joer net méi virkomm war.

Israelesch Sträitkräft hunn um Freide matgedeelt, dass bei Loftugrëffer am Gazasträifen 15 Extremisten ëmbruecht gi sinn, dorënner och de Chef vun der Palestinenserorganisatioun Islameschen Dschihad, Taysir al-Dschabari.
A sëllege Stied bis hin zur Stad Tel Aviv waren um Owend Sireenen ze héieren. Medieberichter no hätt d’Stad Tel Aviv aus Suerg viru weideren Ugrëff den ëffentleche Loftschutzraum opgemaach. Mir gräifen Tel Aviv an d’Stied vum Zentrum mat méi wéi 100 Rakéiten un, esou de militäreschen Arm vun der  Islameschen Dschihad. Dat wier d’Äntwert op d’Ermordung vun hirem Chef.
Israelesche Medieberichter no wieren d'Rakéiten op oppenen Terrain erofgaangen oder vum Rakéitenofwiersystem Iron Dome ofgefaange ginn.