Dat nodeems US-Politikerin trotz Widderstand an den Taiwan gereest war.

D'Nancy Pelosi hätt sech an Affäre vu China agemëscht. Si hätt d’Souveränitéit vu China an territorial Integritéit ënnergruewen an den "Ee-China-Grondsaz" mat de Féiss getrëppelt. Als Reaktioun op dem Pelosi säi Verhalen huet China lo Sanktiounen ugekënnegt. Eng Spriecherin aus dem Ausseministère vu China huet um Freide matgedeelt, dass dës Sanktiounen och fir Familljemembere vum Pelosi gëllen.