Meteolux huet fir en Dënschdeg an e Mëttwoch jeeweils eng Alerte Jaune erausginn.

Wéi de staatleche Wiederdéngscht op sengem Internetsite matdeelt, kënnen d'Temperaturen, tëscht 13h00 an 19h00, op béiden Deeg, tëscht 30 an 32 Grad erreechen.

Meteolux warnt virun héijen Ozon-Wäerter. Dofir huet de staatleche Wiederdéngscht eng Alerte Jaune fir en Dënschdeg an e Mëttwoch erausginn. Déi zwee Deeg kéint tëscht 12h00 a Mëtternuecht de Seuil vun 160 Mikrogramm pro Kubikmeter erreecht ginn. Dat ganzt Land ass vun dëser Alerte betraff.

RTL

© Meteolux