D’Post warnt viru Bedruchsversich iwwer SMS.

An der lescht goufen ëmmer méi sougenannt "Phishing"-Versich registréiert, esou d'Entreprise op Facebook. Hei handelt et sech ëm SMSen mat engem Link deen op e Site féiert, deen de Logo vun der Post benotzt. Et handelt sech awer net ëm den offizielle Site. Op dësen Internetsitte ginn nämlech perséinlech a vertraulech Donnéeë gesammelt.

D’Post informéiert an deem Kader dass se d’Leit ni dozou opfuerdert perséinlech Infoen duerch e Link an enger E-Mail oder SMS ze vermëttelen. Am beschte soll ee keng SMSen oder E-Maile mat enger onbekannter Hierkonft opmaachen.