Zwou Petitioune kruten offiziell genuch Ënnerschrëfte fir ëffentlech debattéiert ze ginn.

Dat huet d’Chamber e Méindeg matgedeelt. Bei der éischter handelt et sech ëm d’Fuerderung am Norden eng 24h/24 Maternité an en Noutfall-Kannerspidol ze hunn. D’Debatt gëtt hei den 21. September um 9h00 an der Chamber organiséiert. D’Petitioun fir e Congé parental vun 9 Méint gëtt och debattéiert. En Datum ass awer nach net bekannt.

D’Debatt iwwer d’Petitioun iwwer de Remboursement vun de Psycholog-Facturë fënnt iwwregens de 23. September um 15h00 statt.