E Corona-Impfstoff, dee speziell un d’Omikron-Variant ugepasst ass, soll am Oktober disponibel sinn.

Dat huet d’Entreprise BioNTech matgedeelt. D’Liwwerunge kënnen also am Hierscht ufänken. Domat wier de Vaccin fir d’Booster-Campagnen am Hierscht disponibel. Méi präzis handelt et sech ëm zwee verschidde Booster-Impfstoffer. Déi europäesch Medikamentenagence EMA ass amgaangen z’iwwerpréiwen ob dës Vaccinen an der EU zougelooss wäerte ginn.