D'Zil vum Plang ass et, dass D'EU-Memberstaate 45 Milliarde Kubikmeter Gas aspueren.

Den EU-Gas-Noutfallplang ass en Dënschdeg a Kraaft getrueden. Dëse gesäit fir, dass d’Memberlänner bis den 31. Mäerz, fräiwëlleg, 15 Prozent manner Gas verbrauchen, ewéi si dat, an der Moyenne, an deene leschte 5 Joer, wärend dëser Period gemaach hunn. Insgesamt sollen esou 45 Milliarde Kubikmeter Gas agespuert ginn. Wéi genee d’Memberstaate Gas aspuere wëllen, ass hinne selwer iwwerlooss. De Plang gesäit iwwerdeems eng Partie Ausname fir verschidde Memberlänner a fir kritesch Branchen, ewéi zum Beispill d’Liewensmëttelindustrie vir.