Zënter 2017 goufen 33 déidlech Aarbechtsaccidenter bei der ITM deklaréiert.

Dat mellt den Aarbechtsminister Georges Engel an enger parlamentarescher Äntwert. Dat sinn der manner wéi déi, déi bei der Associatioun d’Assurance Accident gemellt goufen. Hei läit d’Zuel nämlech bei 51. D’lescht Joer goufen 3 déidlech Aarbechtsaccidenter bei der ITM deklaréiert.

De Minister erkläert dass et sech ëm zwou verschidden Deklaratiounen handelt déi vun den Employeure bei de Verwaltunge gemaach ginn. Verschidden Accidenter sinn duerch e Malaise entstanen oder hu Leit betraff, déi beim Staat schaffen, a goufen dowéinst net bei der ITM deklaréiert.