Wéi de CGDIS mellt ass et e Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg zu diverse Bränn an Accidenter komm.

An der Stad am Val Sainte Croix huet géint 18h30 e Feld gebrannt. Offall a Poubellë stoungen eng Kéier zu Miersch an der Rue de la Gare an an der Mierscherstrooss zu Simmer a Flamen. E Samschdeg de Moie géint 4h00 tëscht Harel an dem Hareler Poteau gouf et e Bëschbrand. Ee Blesséierte gouf et an der Rue du Parc zu Mënsbech wéi e Freideg géint 19h00 en Auto an en Moto aneneegerannt sinn. E Samschdeg de Moie géint 4h45 ass tëscht Dippech a Bartreng en Auto an e Bam gerannt an eng Persoun gouf blesséiert.