Net nëmmen e Samschdeg mee och e Sonndeg wäert et zu Lëtzebuerg nach richteg waarm bleiwen.

Dass e Samschdeg eng Alerte Jaune gëllt war scho gewosst. Mee fir e Sonndeg huet Meteolux och elo eng Alerte Jaune erausginn. An zwar sollen et tëscht 13h00 a 19h00 iwwerall am Land tëscht 30 an 32 Grad ginn. Laanscht d’Musel kéinten esouguer 33 Grad méiglech sinn, esou de staatleche Wiederdéngscht.