Nodeems dem Donald Trump seng Villa "Mar-a-Lago" a Florida duerchsicht gouf, ginn et weider Informatiounen.

Et goufen nämlech eng Rei geheim a klassifizéiert Dokumenter vum FBI séchergestallt. Dat geet aus Ënnerlage vu Riichter ervir. Am ganze goufen 11 wichteg Dokumenter séchergestallt. Et kéint ënner anerem sinn dass de fréieren US-President géint d’Anti-Spionage-Gesetz vun den USA verstouss hätt. De Justizminister Garland hat gefuerdert dass d’Geriichtsakten ëffentlech gemaach ginn.