Den Auteur vun "Die Satanischen Verse" gouf e Freideg mat engem Messer uerg verwonnt.

De bekannte Schrëftsteller Salman Rushdie gouf e Freideg ugegraff. De Mann gouf wärend enger Literatur-Konferenz am US-Bundesstaat New York mat engem Messer um Hals an um Bauch blesséiert. Dat huet d’Police matgedeelt. De Salman Rushdie gouf mat engem Rettungshelikopter an e Spidol bruecht an noutoperéiert.

De 24-järegen Ugräifer gouf vun Zuschauer gestoppt a vun der Police festgeholl. D’Motiv vun der Dot ass net bekannt. De Schrëftsteller gouf un e Beootmungs-Apparat ugeschloss a kéint en A verléieren, esou säin Agent. De brittesch-indeschen Auteur vun "Die Satanischen Verse" gëtt schonn zënter iwwer 30 Joer am Iran mam Dout menacéiert.