Am Montenegro huet en angeblechen Amokleefer 10 Leit ëmbruecht.

Bei enger Schéisserei am Montenegro si gëschter 11 Leit ëm d’Liewe komm. Den Ugräifer ass och ënner den Doudesaffer. Wéi d’Medien gemellt haten, wieren och 6 Leit zu Cetinje blesséiert ginn, dorënner e Polizist. Den Täter hätt op Poliziste geschoss a wier vun hinnen erschoss ginn. Grond vun der Attack wier e Familljesträit.