Um "Medusa"-Festival ass eng Bün wéinst staarke Wandstéiss zesummegebrach.

Bei engem Museksfestival bei Valencia a Spuenien ass eng Persoun ëm d’Liewe komm. Eng Bün wier wéinst engem Stuerm zesummegebrach a 17 Persoune wiere blesséiert ginn. D’spuenesch Rettungsdéngschter mellen dass 3 Persoune schro verwonnt goufen. Verschidden Zeitunge schwätzen esouguer vu 40 Blesséierten. De "Medusa"-Festival gouf wéinst dem schlechte Wieder ënnerbrach. Weider Detailer ginn et nach keng.