E Samschdeg, den 13. August gouf géint 6h30 festgestallt, dass de Radar zu Lëpschent beschiedegt gouf. D'Police sicht no Zeien.

Méi genee louch d'Radar-Sail op der N7 op der Héicht vu Lëpschent um Buedem. Eng Ënnersichung ass amgaange fir de Grond ermëttelen ze kënnen.

Wien Informatiounen dozou huet soll sech bei de Policebüro Dikrech/Veianen mellen (Telefonsnummer: (+352) 244801000 an E-Mail: police.diekirchvianden@police.etat.lu).