Géint 04h40 e Méindeg de Moie war et op eise Stroossen zu engem uerge Verkéiersaccident komm.

Um CR132, tëscht Weiler-zum-Tuerm an dem Schlammestee, waren 3 Persoune vun engem Auto ugestouss ginn. Nieft den Ambulanze vun Diddeleng an aus der Stad an de Rettungsdéngschter vu Weiler zum Tuerm an Hesper, waren hei och de SAMU vun Esch an aus der Stad am Asaz.

Éischten Infoen no goufen 3 Persoune vun engem Auto erfaasst a blesséiert. Zwee Männer goufe ganz schwéier verwonnt. Den Automobilist ass duerno geflücht. D’Police konnt hie méi spéit ermëttelen. Dëse gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. Am spéiden Nomëtteg ass hien da virun den Untersuchungsriichter komm.