
© Eldoradio
En 33 Joer ale Mann aus Frankräich war mat sengem Auto an e Luuchtepotto gerannt an nach op der Plaz verstuerwen.
Géint 01h20 en Dënschdeg de Moie war et an der Route de Longwy, tëscht Péiteng a Rodange zu engem déidleche Verkéiersaccident komm. Wéi d'Police matdeelt, hat hei en Automobilist, deen aus Direktioun Péiteng gefuer komm, d'Kontroll iwwert säin Auto verluer a war mat dësem an e Luuchtepotto gerannt. Nom Accident war den Auto am Gruef stoe bliwwen.
De Chauffer, en 33 Joer ale Mann aus Frankräich, war nach op der Plaz gestuerwen. De Parquet gouf iwwert den Accident informéiert an et gouf e Rapport geschriwwen. D'Streck war bis kuerz viru 05h00 en Dënschdeg de Moie fir den Trafic gespaart.