Zënter 18h00 en Dënschdeg den Owend sëtzen d’Regierung an d’Sozialpartner nees zu Senneng am Schlass beieneen.

Dat fir am Kader vun der Tripartite mateneen ze verhandelen. D’Hoffnung vum Premier Xavier Bettel wier et en Accord um Schluss vum Dag mat de Sozialpartner ze fannen. D’Zil vun der Regierung wier nach ëmmer en Deckel op d’Energie-Präisser. Et wéilt een e Gesamtpak an dem den Index, verrechent mat enger Energiepräis-Brems eng wichteg Roll kéint spillen. Ganz vill Detailer iwwer d’Verhandlunge ginn et net.

RTL-Informatiounen no wiere wichteg Punkten, dass de Gaspräis op maximal + 15 Prozent vum aktuelle Präis gedeckelt soll ginn. Et soll och dann zu kenger Hausse vum Stroumpräis kommen, well de Staat d’Surplussen iwwerhuele géif. Weiderhin soll de Masutt-Präis ëm 15 Prozent erofgesat ginn. Ausserdeem kéint d’TVA, op verschiddene Produiten, ëm 1 % reduzéiert ginn.

Wann et en Dënschdeg net zu engem Accord géif kommen, misst een d’Verhandlungen d’nächst Woch verlängeren. D'Regierung géif hir Verantwortung dann och iwwerhuelen. D’lescht Woch hat de Premier jo gesot dass ee sou séier wéi méiglech Mesuren aféiere wéilt.