E Méindeg de Mëtteg gouf et eng makaber Entdeckung zu Mont-Saint-Martin a Frankräich.

Just hannert der Grenz gouf eng verstümmelt Läich fonnt, ouni Glidder, ouni Kapp a plakeg. E Jugendlechen hat d’Läich an enger industrieller Zon fonnt. De Parquet vun Nanzeg huet d’Informatioun confirméiert. D’Affer wier zimmlech jonk gewiescht: et gëtt elo eng Autopsie gemaach fir méi Detailer erauszefannen. E leschten Donneschdeg gouf schonn eng Läich ouni Kapp 50 Kilometer méi wäit, zu Moyeuvre-Grande entdeckt. Et géif de Moment awer kee Lien tëscht deenen zwou Läichen existéieren.