Déi jonk gréng hunn op e Facebook-Commentaire, vum “Nach-CSV-Gemengerot”, Josy Hames, an der CSV hirem Ëmgang mat dësem, reagéiert.

De 15. September hat Eldoradio en Artikel iwwer d’Fuerderungen, déi d’Jugendorganisatioun vun der grénger Partei, am Kader vun der Inflatiouns-Kris stellt, op Facebook gepost. An engem Commentaire ënnert dësem, hat de Josy Hames déi jonk gréng als "lauter gring Terroristen an als Wouschtbéck mat deenen Europa géif ënnergoen", bezeechent. Elo hunn déi jonk gréng an engem Schreiwes op dës Aussoen an op den Ëmgang vun der CSV mat dësen, reagéiert.

Wéi et an engem Schreiwes vum gréngen Nowuess heescht, géif een den Hatespeech an all senger Forme verurteelen. Dobäi sollte besonnesch gewielte Volleksvertrieder wëssen, wéi een eng demokrateschen Diskussioun féiert. Dat well dës eng Virbildfunktioun géigeniwwer der Bevëlkerung hätten.

Wéi et weider am Communiqué vun deene jonke gréngen heescht, hätt d'CSV kaum, bis guer net op dem Josy Hames säi Commentaire reagéiert. Dat kéint een als Zeechen, dass d'Partei esou Aussoen, op d'mannst, akzeptéiere géif, deiten. De gréngen Nowuess erënnert d'CSV am Communiqué, da weiderhin dozou op, kloer Positioun géint Hatespeech ze bezéien an erënnert d'CSV dorun, dass hire Vize-President, Paul Galles, sech an der Vergaangenheet, an der Chamber, kloer géint Hatespeech ausgeschwat hat.