E Méindeg den Owend, war en alkoholiséierte Camionschauffer op eise Stroossen ënnerwee.

Géint 22h50 e Méinden den Owend war der Police e Camion gemellt ginn, deen am Zickzack op der A4 an Direktioun Stad ënnerwee war. Dëse gouf schliisslech vun enger Patrull am Garer Quartier an der Stad, ugehalen. En Alkoholtest, dee beim Chauffer gemaach gouf, war positiv. D’Beamten hunn e provisorescht Fuerverbuet géint hie verhaangen an eng Plainte deposéiert. De Camion gouf immobiliséiert.