Fir Energie ze spueren, ginn d’Luuchten op deene belschen Autobunnen ausgeschalt.

Schonn zënter e Méindeg den Owend sinn d’Luuchten op der Autobunn tëscht Léck a Louvain ausgeschalt. Eleng dovunner erhofft déi belsch Regierung sech, pro Joer 400.000 € ze spueren. Vun en Dënschdeg un, sollen d’Luuchten, op den Autobunnen, dann och am Rescht vun der Wallonie, tëscht 22h00 owes a 05h00 moies ausbleiwen. Am flamänneschen Deel vun der Belsch sinn d’Hallschent vun den Autobunne schonn zënter 10 Joer ouni Beliichtung. Och hei, kéinten d’Luuchten, déi nach a Betrib sinn, am Laf vun den nächste Méint, ausgeschalt ginn.