An enger ganzer Rei ukrainescher Regiounen, sollen an den nächsten Deeg Referenden iwwer e méigleche Bäitrëtt zu Russland, stattfannen.

Et handelt sech ëm d’Regiounen Donezk, Luhansk, Cherson a Saporischschja. Alleguer d’Gebidder sinn, zum Deel, nach ëmmer,  vu russeschen Truppe besat. D’Ukënnegung, dass e Referendum stattfanne wäert, ass dann och ëmmer vun de pro-russeschen Autoritéite komm. An alle Regioune sollen d’Referende vum 23. Bis de 27. September stattfannen.

Antëscht hunn dann och eng Partie westlech Staaten op déi ugekënnegt Referenden an der Ukrain reagéiert.
Den däitsche Bundeskanzler Scholz huet d’Referenden iwwer d’Annexioun vun ukraineschem Territoire vu Russland als inakzeptabel zeréckgewisen. Wéi hien um Bord vun der UN-Vollversammlung zu New York sot, géifen esou Referende kloer géint dat internationaalt Recht verstoussen. Vun der amerikanescher Regierung huet et geheescht, dass een dës Ofstëmmungen net unerkenne géif. Der NATO no, géifen se eng nei Stuf vun der Eskalatioun vum russesche Krich géint d’Ukrain duerstellen.