En Dënschdeg am Nomëtteg, war et um CR322 tëscht Kautebaach a Konstem zu engem spektakulären Accident komm.

Wéi d'Police mellt, war hei e Chauffer, géint 15h20 mat sengem Auto an de Gruef nieft der Strooss geroden an hat doropshin d'Kontroll iwwert dëse verluer. Den Auto hat doropshin iwwerschloen a war um Dag um Stoe komm. De Chauffer gouf beim Accident am Auto ageklemmt an hat misse vun de Rettungsdéngschter befreit ginn. Hie gouf op der Plaz medezinesch versuergt an duerno an d'Spidol transportéiert.

Wéi am Bulletin vum CGDIS steet, war hei, nieft de Rettungsdéngschter vun Housen a Géisdref, och de Samu vun Ettelbréck op der Plaz.