
© Twitter Xavier Bettel
No dräi Verhandlungsdeeg hunn d’Regierung an d’Sozialpartner en Dënschdeg den Owend en Accord de principe an der Tripartite fonnt.
D’Regierung, déi 3 Gewerkschaften OGBL, LCGB a CGFP an d’Patronat dat vun der UEL vertruede gëtt hu sech op en Hëllefspak gëeenegt. De Premier Xavier Bettel huet op Twitter gesot dass et sech ëm en Accord an der Héicht vun iwwer enger Milliard Euro handelt. Et wier en Anti-Inflatiounspak, deen et esou nach ni zu Lëtzebuerg gouf.D’Rechnunge vun de Bierger fir Stroum, Gas a Mazout ginn duerch Präisbremsen a Subventiounen entlaascht. Also gëtt d’Hausse vum Gaspräis op +15% am Verglach zum aktuellen Niveau limitéiert. De Stroumpräis gëtt dann agefruer. Fir de Mazout gëtt et e Rabatt vu 15 Cent pro Liter. Donieft gëtt d’TVA bei all de Produiten a Servicer ëm 1 Prozent erofgesat. D’Allocation de vie chère an d’Energieprimm lafe fir 2023 weider.Wat d’Betriber ugeet, wäerte si eng Mindestlounerhéijung vu 3,3 Prozent an 2 Indextranchen ausbezuelen. Et gouf nämlech festgehalen dass keng Indextranche verréckelt gëtt. De Betriber gëtt och ënner d’Äerm gegraff. An et gëtt e Subside agefouert fir elektresch Luedstatiounen déi fir de Public accessibel sinn.
D'Mesuren trieden den 1. Oktober a Kraaft.
Communiqué vum Staatsministère
Réunion du Comité de coordination tripartite: Accord de principe (20.09.2022) | |
| |
| |
Le 18, 19 et 20 septembre 2022, le gouvernement s’est à nouveau réuni avec les partenaires sociaux pour continuer les travaux du Comité de coordination tripartite et s’accorder sur des mesures permettant de limiter les impacts de la pression inflationniste sur les ménages et les entreprises. Le Gouvernement, les trois syndicats (OGBL, LCGB et CGFP) et le patronat, représenté par l’UEL, se sont mis d'accord en principe sur un nouveau paquet de mesures. Ce paquet prévoit notamment :
|