E Mëttwoch de Moie gëtt d’Petitioun 2301 ëffentlech an der Chamber debattéiert.

Dës Petitioun fuerdert eng Maternité a Pediatrie fir d’Urgencen am Norde vum Land, déi 24 Stonnen op 24 funktionéiere soll. D’Petitioun krut iwwer 4.600 Ënnerschrëften. Géint 9 Auer fänkt d’Debatt un. De Petitionär wäert seng Fuerderungen de Membere vun der Petitiounskommissioun a vun der Santéskommissioun virstellen.

D’Debatt kann ee live op Chamber TV suivéieren.