E Mëttwoch ass den zweeten Dag vun der UN-Generaldebatt zu New York.

Riede vum US-President Joe Biden an dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ginn erwaart. Dësen ass deen eenzege Staatschef, deen iwwer Videokonferenz seng Ried hält. D’Haapttheme vum diplomateschen Treffe sinn déi russesch Invasioun an der Ukrain, déi global Ernärungskris an de Klimawandel. Fir Lëtzebuerg sinn den Ausseminister Jean Asselborn an och de Premier Xavier Bettel op der Plaz. De russesche President Putin an de chineesesche Staatsschef XI Jinping kommen net op New York.