En US-Riichter huet eng Milliarde-schwéier Klo géint McDonald’s zougelooss.

En afroamerikaneschen Entrepreneur Byron Allen geheit der Fast-Food-Chaîne vir rassistesch ze sinn. An zwar soll McDonald’s net genuch Reklamm-Kontrakter mat afroamerikaneschen Entreprisen ofschléissen. Domat géif den Entrepreneur sech benodeelegt fillen. Dëse verlaangt 10 Milliarden Dollar Schuedenersatz. D’Affekotin vu McDonald’s sot dass et beim Entrepreneur net ëm Hautfaarf mee ëm Akommes goe géif.