De russesche President Putin huet e Mëttwoch eng seele Ried op der Tëlee gehalen.

Hien huet sech zum Krich an der Ukrain geäussert an huet eng Deelmobiliséierung vun de Russen, déi den Alter hunn, ugekënnegt. Och 300.000 Reserviste gi vum russesche President am Krich mobiliséiert. En Dekret wier an deem Kader schonn ënnerschriwwe ginn. Dowéinst kann d’Deelmobiliséierung haut starten. Donieft huet de Putin de Weste beschëllegt Russland zerstéieren ze wëllen. Dowéinst géif Russland all Mëttel ausnotze fir sech ze beschützen.