Bei verschiddene Fläsche vun der Mëllech, kéint et zu engem Feeler bei der Versigelung vum Deckel komm sinn.

D'Baby-Mëllech vu "CANDIA BABY" gouf zeréckgeruff. Wéi d'Sécurité Alimentaire an engem Communiqué matdeelt, kéint et bei verschiddene vun de Fläschen, an déi d'Mëllech gefëllt gouf, zu engem Feeler bei der Versigelung vum Deckel komm sinn. Vum Réckruff betraff, sinn d'Fläsche mat engem Inhalt vun 250 Milliliter, respektiv d'Fläsche mat engem Inhalt vun 250 Milliliter, déi am 24er-Pak verkaf goufen, mam Oflafdatum vum 01. Mäerz 2023.

Déi betraffe Fläsche waren tëscht dem 28. Juli 2022 an dem 21. September 2022, am Auchan an der Vente. Et kann allerdéngs net ausgeschloss ginn, dass de Produit och op anere Plaze verkaf gouf.