Onbekannter hunn zu Bouneweg eng 20 Gefierer zerkraazt.

No engem Fall vu Vandalismus sicht d’Police den Ament no Zeien. An der Nuecht vum 19. op den 20. September haten Onbekannter eng 20 Gefierer, déi zu Bouneweg an der Rue des Romains, der Rue Jules Fischer, der Rue Xavier de Feller, der Rue Jean-François Feller an an der Rue Pierre Krier, geparkt waren zerkraazt. Wien hei eppes gesinn huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat vu Bouneweg ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 42 1000 oder via d'Mailadress "police.bonnevoie@police.etat.lu".