Zu Lëtzebuerg ass aktuell net geplangt, d’Luuchten op den Autobunne komplett auszeschalten, fir Energie ze spueren.

Dat huet de Mobilitéitsministère Eldoradio, op Nofro hin, matgedeelt. A senger Äntwert, erënnert de Ministère dorun, dass d’Luuchten op der fräier Streck vun den Autobunnen, schonn zënter 2013 kontinuéierlech ofgebaut ginn. Allerdéngs wäerten d’Luuchten op den Echangeuren, aus Sécherheetsgrënn, och an Zukunft u bleiwen. Well dës Luuchte mat LED-Biere funktionéieren, géif hiren Energie-Verbrauch kaum an d’Gewiicht falen.