
© Eldoradio
Beamte vun der Police, konnte bei der Kontroll vun engem Auto, eng gréisser Quantitéit Heroin sécherstellen.
En Dënschdeg de Mëtteg, war enger Patrull vun der Police, am Kader vun enger Kontroll, zu Esch-Uelzecht e verdächtegen Auto opgefall. Wéi d’Police, déi 3 Persounen, déi am Auto souzen, doropshi kontrolléiere wollt, hat de Chauffer de Réckgang ageluecht, a war eng 100 Meter hannerzeg gefuer.
Wéi d’Beamten den Auto schliisslech gestoppt haten, konnten si eng gréisser Quantitéit Heroin an eng kleng Quantitéit Kokain, an dësem, sécherstellen. De Chauffer a Besëtzer vum Auto, gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.