D’Police huet 2 Persounen, déi ze vill gedronk haten, am Passage-Arrest ënnerbruecht. 

Kuerz virun 21h00 en Dënschdeg den Owend, gouf der Police e Cyclist an der Nidderkuerer Strooss zu Suessem gemellt. Dëse war, wéinst sengem Fuerstil, e puer mol, bal an en Accident verwéckelt ginn. Kuerz drop konnten d'Beamten hien dann an engem Appartementshaus ermëttelen, zu deem hie sech onberechtegt Zougang verschaaft hat. Well hien däitlech ze vill gedronk hat, hunn d’Beamten hie mat op de Policebüro geholl. Op Uerder vum Parquet gouf eng Plainte gemaach. Well de Mann, wéinst sengem Zoustand, eng Gefor fir sech selwer an déi aner war, gouf hien an den Arrest placéiert.

Géint 02h00 e Méindeg de Moien, hat dann e Mann, op enger Tankstell zu Rodange randaléiert. Och hie, gouf am Arrest ënnerbruecht.